top of page
2016-07-27 10.15.38-1.jpg

verfassung
mini-Lenster

​Stand Juni 2018 

​

1. Allgemeng Informatioune Mini-Lënster

1.1 Mini-Lënster huet seng Dieren all zwee Joer fir zwou Wochen am Juli op 

1.2 Kanner tëschent 6 a 14 Joer dierfe bei der Spillstad matmaachen 

1.3 Säit wéini gëtt et M-L? 2009 

1.4 Unzuel vu Betriber: +- 42 

​

Ouverture 10:00 

Mëttegiessen 11:30-13:30 

Fermeture 17:00 

1.2 Awunnerzuel: +- 550 Kanner a Maison Relais´en déi op Besuch kommen. 

1.5 Wärung : Lënsto (Schäiner – keng Mënz) 

 

2. Déi biergerlech Grond- a Fräiheetsrechter

2.1 All Kand huet e Recht op e Mëttegiessen (gratis punkto Lënsto) 

2.2 All Kand huet e Recht ze studéieren & schaffen ze goen 

2.4 Huet Recht sech scheeden ze loossen 

2.5 All Kand huet d´Recht seng Fräizäit selwer ze gestalten 

2.6 All Kand huet en Recht op Meenungsfräiheet a Pressefräiheet 

2.7 All Kand huet e Recht op Chancëgläichheet 

2.8 All Kand huet Recht sech iwwer Punkten an der Verfassung mat engem Schreiwen ze beschwéieren an de Gemengerot muss deen Punkt dann nei diskutéieren. 

​

2.2 All Kand huet Recht op gratis Waasser beim Blubb 

2.3 Huet d´Recht sech ze bestueden op gläichgeschlechtlech oder net (Dokument, Ried, Réng, Kleed beim Art Attack) 

 

3. Allgemeng Reegelen an der Stad

3.1 Elektronesch Geräter sinn an der Mini-Lënster Staat net erwënscht. Bréngt een awer eppes mat eran, huet dee Responsabilitéit dofir 

3.2 Telefonéiere mam eegenen Handy ass nëmmen am Noutfall erlaabt. A sou engem Noutfall muss een an de Biergerbüro goe fir dat do ze maachen. Ausname fir um Smartphone ze spillen, SMS’en, ginn et a verschiddene Betriber bspw. Den Chill-Eck 

3.3 Wann een Iessen an/oder Gedrénks mat a Staat bréngt, dierf een dat net fir Lënsto un aner Bierger verkafen 

3.4 Jidderee verflicht sech mat Mini-Lënster Staat propper ze halen 

3.5 Hausdéiere sinn an der Mini-Lënster Staat net erlaabt ze halen. Ausname ginn et wann z.B d´Initiative „E Stopp fir e Mupp“ mat Hënn op Besuch kennt. 

​

4. De Gemengerot 

4.1 Besteet aus engem Buergermeeschter an dräi Cheffen 

4.2 Gett vun de Bierger gewielt 

4.3 Déi véier Kandidate mat de meeschte Stemme kommen an de Gemengerot 

4.4 Sinn am Gemengerot Ofstëmmungen ze maachen huet all Member eng Stemm. Sollt et Gläichstand gi, gëtt Ofstëmmung widderholl. Behält et nach ëmmer e Gläichstand huet den Buergermeeschter bei der drëtter Ofstëmmung zwou Stemmen. 

4.5 Ee Mandat verfält wann een ze al fir Mini-Lënster ass 

 

5. Mini-Lënster Demokratie

5.1 Mini-Lënster feiert eng Demokratie 

5.2 Wahlen dierfe vum Gemengerot net ofgeschaaft ginn 

5.3 Deen mat deene meeschte Stemme gëtt de Buergermeeschter , dono an der normaler Hierarchie 1. Schäffen, 2ten an 3ten Schäffen 

5.4 Jiddereen huet eng Stëmm wann eppes intern ofzestëmmen ass ausser et ass Gläichstand dann huet de Buergermeeschter der zwou 

5.5 1 x An der Woch si Wahlen 

5.6 Wieler + Gemengerot an déi sech opsetze musse Vollbierger sinn 

5.7 Casier muss eidel si wann een sech opsetzt 

5.8 Wahle gi schrëftlech ofgehalen, mat Bic gëtt e Kräiz gemaach 

5.9 Et gëtt keen Éierebuergermeeschter, eleng de Gemengerot kann decidéieren 

5.10 Wärend de Wahlen ass de Gemengerot net handlungsberechtegt bis Resultat bekannt ass. 

​

6. Aarbechtsrecht 

6.1 E Bierger kann net ouni Grond gekënnegt kréien 

6.2 All Bierger muss eng Stonn geschafft hunn fir eng Paie ausbezuelt ze kréien 

​

7. Respekt 

7.1 Mini-Lënster Stad positionéiert sech ausdrécklech géint all Form vu séilescher oder kierperlecher Gewalt 

 

8. Strofrecht 

8.1 Mini-Lënster huet och säin eegent Strofgesetzbuch 

 

9. Betriber an der Staat 

Café-Eck fir jonk an al 

Biergerbüro 

Pompjeeën 

Uni 

Job oder Flop 

Fundbüro 

Mini-Sporti 

Radio ML 

Info-Point 

Gemeng & Gemengebüro 

Mini-Tele 

Post 

Donkelcafe 

Chill-Eck 

Super Mini-Maart 

Lënster Doc 

Bank 

Police 

Ambassade 

Beauty Salon 

Bühn 

Zeitung 

Mini-Blimmi 

Jugendtreff 

Recycling Center 

Fierschter 

LunaPark 

Art Attack 

Schräiner 

Kartong & Scotch 

Elektriker 

Automobil 

Iess & Friess 

Brutschen & Bratschen 

Däiwelskichen 

Kino 

Materiallager 

Mini-Bitzi 

Mediatioun 

Kannerrechter 

Copy Service 

Internetstuff 

Grafikstudio 

Blubb 

Stadentwécklung 

bottom of page